Dagdeeglech
80 Joer fir den Chubby Checker
De geléierte Verkeefer gouf op engem Maart entdeckt, wéi hie Poulete verkaaft an dobäi gesongen huet. Scho säin zweeten Disk "The Twist" bréngt him e grousse Succès, esou och nach Lidder wéi "Let's Twist Again" oder "Twistin". Ufank den 1960er Joren danzen der ganz vill dann och den Danz, dee mat "The Twist" kreéiert gouf. Bis 1966 konnt hien eng 30 Lidder an den US-Charts klasséieren. Dat war et da fir den Chubby Checker. Och wann hie sech weider probéiert huet, blouf de Succès aus. Enn den 1990er Joren seet hien dem Sangen Äddi a grënnt eng Firma, déi Snacks, Popcorn, Steaks an Hot Dogs verkeeft.