Aktuelles
De Lëtzebuerger Bléck op d'Bundestagswahlen 2021
Wéi eng Regierungs-Koalitioun an Däitschland géif déi gréisste Risike fir Lëtzebuerg mat sech bréngen, z. B. wat d'Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz ugeet? Dat war eng Fro, déi mir an eiser Emissioun Riicht eraus analyséiert hunn.
An der Emissioun ass et donieft ëm de Bilan vun der Ära Angela Merkel gaangen an ëm déi méiglech Auswierkungen op d'Europäesch Unioun duerch déi däitsch Walen.
Et hunn diskutéiert: den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, WOXX-Journalist Raymond Klein a Publizist Pierre Lorang.
Moderatioun: Serge Kesseler
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)