Haut virun 20 Joer entféieren radikal Islamiste véier Fliger an den USA. Zwee fléien an déi zwee Tierm vum World Trade Center zu New York. Eppes méi wéi eng Stonn no der Attack falen déi zwee Tierm an ee Koup, méi wéi 3.000 Mënsche verléieren hiert Liewen. Kuerz drop flitt ee Fliger zu Washington an de Pentagon. Déi véiert Maschinn huet hiert warscheinlecht Zil, d'Wäisst Haus zu Washington, net erreecht a fält an enger net bewunnter Regioun erof.
arrow_back_ios