Wéi vill Afloss wäert den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz an Zukunft op den ëffentlech-rechtleche Rundfunk ORF hunn? Déi Fro stellt sech, nodeems en Dënschdeg en neien ORF-Chef gewielt gouf, deen dem Kurz senger konservativer Partei ÖVP nosteet. Ob dat en Afloss wäert hunn, ass nach net ofzegesinn. An der Vergaangenheet stoung der ÖVP hir Mediepolitik awer schonn an der Kritik - och vun der EU-Kommissioun. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet
arrow_back_ios
Aktuelles
Politeschen Afloss op Medien an Éisträich
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
