D'Amy Winehouse wosst scho fréi, datt Sangen hir Leidenschaft wier a mat hirer Stëmm begeeschtert d'Sängerin och esouwuel Kritiker wéi Fans. Den Opstig ass séier. Nieft der Bün sinn et awer vill Alkohol- an Drogen-Exzesser, déi dem Amy Winehouse hiert Liewen dominéieren. No enger kuerzer, awer intensiver Karriär stierft d'Amy Winehouse, den 23. Juli 2011 un enger Alkoholvergëftung.
arrow_back_ios