Den 21. Juli 1972 ginn zu Belfast eng Rei Bomme vun der IRA héich, néng Mënsche verléieren hiert Liewen, méi wéi 100 ginn derbäi nach verletzt. Mat dësen Attentater wëllt d'Organisatioun de Kampf fir en vereentent Irland virundreiwen. Am Endeffekt verléiert se doduercher awer vill Ënnerstëtzung vun de méi moderate Kräften.
arrow_back_ios