Den 19. Juli 1903 fänkt deen éischten Tour de France un an ass domadder déi éischt Etappe-Course am Cyclissem. Deemools huet d'Grande Boucle awer aneschters ausgesinn, wéi mer se haut kennen. Ënner anerem goufe just sechs Etappe gefuer, déi awer am Duerchschnëtt 400 Kilometer laang waren. Komplett fäerdeg gefuer gouf den Tour de France 1903 och nëmme vun 21 Coureuren. De Pit Walté kuckt op dëse Sportevent zeréck.
arrow_back_ios