Aktuelles
Reform vum ASBL-Gesetz: Erliichterungen a Klarifikatiounen
Virun eelef Joer hat déi deemoleg Regierung ugesat fir d'ASBL-Gesetz vu 1928 ze iwwerschaffen. De Projet hat awer deemools esou vill Kritik ausgeléist, datt e bis elo op Äis louch. An deem neien Ulaf soll op d'Kriticke vun deemools reagéiert ginn.
Bei der Presentatioun gëschter sot d'Justizministerin Sam Tanson, déi nei Ännerunge sollte Lacunnen an den Texter fëllen an den Ufuerderunge vum Gafi, dem Groupe d'action financière, nokommen. Mee och Vereinfachunge fir d'ASBLen an d'Fondatiounen bréngen. Detailer: Michèle Sinner