Aktuelles
Rechtsstaat a Justiz a Gefor?
D'Opreegung war grouss gëschter an der Cité judiciaire. Dat wéinst dem Prozess géint den Affekot André Lutgen wéinst Outrage an Intimidatioun vun engem Magistrat. An dësem Fall den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues, deen do gëschter d'Recusatioun vum virsëtzende Riichter gefrot huet, wéinst Befaangenheet. Elo gesäit jiddwereen de Justizsystem an de Rechtsstaat a Gefor.
De Filipe Rodrigues mengt, den André Lutgen hätt mat sengem Mail un d'Ministeren Drock op hie gemaach, da kéint d'Justice net onofhängeg schaffen. Den André Lutgen - an de ganze Barreau, deen den André Lutgen iwwregens an engem Disziplinarverfaren, wann een esou wëllt, acquittéiert huet - mengt, wann d'Affekote fir d'Ausübung vun hirem Beruff kéinten e Strofprozess gemaach kréien, da wier hir Onofhängegkeet an domat de Justizsystem a Gefor.
An elo si mer an enger Situatioun, wou ee Magistrat deem anere Partialitéit virgehäit, well e fäert, e wéilt den Affekot net verurteelen. An doriwwer muss elo nach e Magistrat, nämlech de President vum Bezierksgeriicht, decidéieren ...
Explikatioune vum Michèle Sinner
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)