De Skandal rondrëm d'Demissioun vum brittesche Gesondheetsminister Matt Hancock zitt weider Kreeser: De Matt Hancock war d'leschte Samsdeg zréckgetrueden. E Film war opgetaucht, an Zesummenhang mat der Liebes-Affär tëscht dem Minister a senger Conseillère. An deem Film verstéisst de Minister géint d'Covid Restriktiounen. Elo geréit och de Premier Boris Johnson ëmmer méi ënner Drock: Hien hätt de Gesondheetsminister direkt vu senge Fonktioune missten entbannen, sou d'Kritik. Weider Detailer vun eiser Londoner Korrespondentin Anaïs Cordoba.
arrow_back_ios
Aktuelles
Affaire Matt Hancock
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
