Bewosst Gesond
D'Saison vun de roude Friichten
Och wa rout Friichten dacks zockerséiss sinn, hu se net vill Zocker an net vill Kalorien a sinn och gutt fir Diabetiker. Besonnesch Päerdsbier an Hammbier enthale wéineg Zocker, ongeféier 4,5-5 Gramm pro 100 Gramm. Am Verglach enthalen z. B. 100 Gramm Drauwen oder Äppel ëm déi zéng Gramm. Awer och all aner Zorte vu Bieren a Bëschfriichte sinn éischter aarm un Zocker an och u Kalorien. Doduerch datt se vun Natur aus séiss schmaachen, brauch een och meeschtens keen Zocker dobäi ze maachen, wann ee mat hinnen en Dessert zoubereet.
"Rout Friichten sinn och räich u Ballaststoffer, hire Fasergehalt ass méi héich wéi hiren Zockergehalt. Doduerch beaflosse si de Bluttzockerspigel wéineg, a si droen och zu enger gudder Verdauung bäi".
All Zorte vu Bieren sinn am beschte frësch gepléckt, wa se grad gutt zeideg sinn, well si räifen net no. Et ass e fragilt Uebst, wat een dann och séier iesse soll.
"Wann ee se net direkt iesse kann, soll ee se afréieren oder dréchnen".
Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne Sylvie Paquet.