A senger laanger berufflecher Karriär war de Carlo Hemmer Generalsekretär vun der FEDIL, Direkter vun der Generaldirektioun Industrie vun der EU-Kommissioun, Direkter vun der CdC, President vum Office luxembourgeois pour l'acroissement de la productivité, President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, Member vum Verwaltungsrot vun den CFL, President vun der Lëtzebuerger Bourse a Member vum Verwaltungsrot vun der BGL, fir nëmmen dës ze nennen. De Carlo Hemmer huet och d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land gegrënnt.
arrow_back_ios