A Spuenien huet d'Regierung haut offiziell néng katalanesch Independentisten begnodegt, déi am Fong zu Prisongsstrofen vun 9 bis 13 Joer verurteelt waren, well si Katalounien 2017 fir onofhängeg erkläert haten. E bësse méi wéi dräi Joer nodeems si an de Prisong koumen, gi si elo nees fräigelooss. Et ass en neien Ament an de Relatiounen tëschent Madrid a Katalounien, mengt eis Korrespondentin zu Barcelona, Aurelie Chamerois.
arrow_back_ios
Aktuelles
Neien Ament an de Relatiounen tëschent Madrid a Katalounien
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
