arrow_back_ios
Aktuelles
Rassismus zu Lëtzebuerg
Rassismus zu Lëtzebuerg - dat ass d'Theema vun enger Etüd, un där den Zentrum fir interkulturell Formatioun Cefis an d'Institut fir sozio-ekonomesch Recherche LISER den Ament schaffen. Um Ursprong vun där Etüd ass eng Motioun vun der Chamber. D'Deputéiert haten d'Regierung virun engem Joer opgeruff, esou eng Etüd maachen ze loossen. Dat nodeems d'Konferenz "Being Black in Luxembourg" virun zwee Joer de Fokus vum Rassismus an der Lëtzebuerger Gesellschaft verstäerkt hat. Den Ament leeft e Sondage zum Theema.
D'Isabel Scott mat Detailer