De Mouvement Ecologique envisagéiert juristesch Schrëtt géint d'Regierung wéinst der Ëmsetzung vum Klimaschutzgesetz. Dat well nach ëmmer kee groussherzoglecht Reglement virläit mat Detailer, wéi d'Klimazil soll erreecht ginn. Dat heescht, wéi vill déi eenzel Secteure musse bäidroen, fir d'Zäregas-Emissiounen bis 2030 ëm 55 Prozent ze reduzéieren. D'Regierung wier sech en halleft Joer nom Vott vum Klimagesetz nach ëmmer net iwwer déi sektoriell Klimaziler eens, mengt d'Blanche Weber vum Mouvement Ecologique am Gespréich mam Pia Oppel.
arrow_back_ios
Aktuelles
"Renge Bordell" bei der Ëmsetzung vum Klimagesetz
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
