Dagdeeglech
Virun 92 Joer koum d'Anne Frank op d'Welt
Virun 92 Joer koum d'Anne Frank zu Frankfurt/Main op d'Welt. Wéi d'Nationalsozialisten ëm den Adolf Hitler 1933 an Däitschland un d'Muecht koumen, ass dat jonkt jiddescht Meedche mat hirer Schwëster an hiren Elteren op Amsterdam an den Exil geflücht. Wéi d'Wehrmacht 1940 Holland iwwerfall hat, huet sech d'Famill virun enger Deportatioun verstoppt. Wärend där Zäit huet d'Anne Frank hir Erliefnesser an Impressiounen an engem Tagebuch festgehalen. D'Stopp vun der Famill gouf 1944 verroden, an d'Famill koum iwwer verschidden Tëschelageren am Dezember 1944 an d'KZ Auschwitz-Birkenau. Vun hei goung et am Januar 1945 weider an de KZ Bergen-Belsen, wou d'Anne Frank Enn Februar, Ufank Mäerz un Typhus stierft.
Nom Krich publizéiert de Papp, Otto Frank, deen eenzegen Iwwerliewende vun der Famill, der Anne Frank hiert d'Tagebuch. D'Tagebuch gëtt haut als historescht Dokument aus der Holocaust-Zäit betruecht, an d'Anne Frank als Symbolfigur fir all Affer vun der Vernichtung duerch d'Nazien.