De Marshallplang, offiziell den ERP, den Europaen Recovery Program, war een historesch wichtegen Programm vun den USA fir d' Ekonomie ze relancéieren a fir den Nees-Opbau vun den europäeschen Länner nom 2te Weltkrich. Vun 1948 bis 1952 goufen Hëllefen am Wäert vu ronn 13,12 Milliarden US-Dollar, wat haut engen 141,67 Milliarden $ entsprécht, u vill, a besonnesch west-europäesch Staaten geleescht.
arrow_back_ios