Bewosst Gesond
/ D'Bedeitung vun de Fetter (Matière grasse alimentaire) op de Liewensmëttel
D'Bedeitung vun de Fetter (Matière grasse alimentaire) op de Liewensmëttel
Et ass net ëmmer einfach ze verstoen, ob e Liewensmëttel gesond oder éischter ongesond ass, wann et ëm d'Theema Fetter, Matière grasse alimentaire, geet. D'Informatioun op der Verpakung soll do weiderhëllefen. Mee déi muss een awer och richteg interpretéiere kënne fir e gudde Choix ze treffen.
"Generell sinn déi ongesiedegt Fettsaieren, wéi déi am Olivenueleg oder d'Omega 3 Fettsaieren aus dem Fluesssom-Ueleg, den Nëss oder dem fettege Fësch, gutt fir eis Gesondheet. Si sinn zum groussen Deel a planzleche Liewensmëttel. Déieresch Liewensmëttel wéi Fleesch, Ram oder Kéis enthalen éischter déi mi ongesond gesiedegt Fettsaieren".
An der Serie geet et haut ëm Qualitéit a Quantitéit vu Fetter an de Liewensmëttel an d'Bedeitung vu fettaarm, oder reduzéiert u Fett.
"Fettaarm, ass net ëmmer besser. Fettaarm Produite maachen dacks net sat an dobäi si se awer nach laang net ëmmer aarm u Kalorien oder gesond, zemools wa se industriell hiergestallt sinn".
Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.