E war bekannt fir seng spektakulär Aktiounen. Dacks an Zesummenaarbecht mat senger Fra Jeanne-Claude, huet de Christo gäre grouss Saachen agepaakt, dat prominentst Beispill, de Reichstag zu Berlin. Mee och e grousse Riddo, duerch en Dall an de Rocky Mountains, oder en dräi Kilometer laange Steg duerch en italienesche Séi, stinn a sengem CV. Den 31. Mee 2020 ass de Kënschtler, deen a Bulgarie gebuer ass, leider gestuerwen an am Dagdeeglech kucke mer e bëssen op seng Karriär zréck.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
E ganz grousse Kënschtler
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.