Gebuer de 4. Dezember 1918 zu Bouneweg, emigréiert de John Ernest Dolibois 1931 mat sengem Papp an d'USA. Hei kënnt hien am Zweete Weltkirch an d'Army Intelligence Unit a verhéiert nom Krich héichrangeg Nazien an däitsch Militär. 34 Joer laang huet hie fir d'Miami University geschafft a war vun 1981 bis 1985 US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios