Aktuelles
Stabil Resultater beim Bildungsmonitoring 2020
Trotz der Corona-Pandemie an hire Konsequenze sinn de Schüler hir Kompetenze global gekuckt stabil bliwwen. Dat ass e Resultat aus der Enquête épreuves standardisées, déi am November d'lescht Joer vun der Uni Lëtzebuerg gemaach gouf.
Et gouf awer eng signifikativ Baisse festgestallt, bei de Schüler aus dem Cycle 3.1 hire Leeschtungen am Héierverstoe vum Däitschen.
An den Donnéeë géif et awer keen negativen Trend ginn, deen ee sech hätte kënnen erwaarden, esou de Fuerscher Antoine Fischbach bei der Presentatioun vun de Resultater. Detailer, Serge Kesseler
Souwuel d'Eltere wéi d'Schüler hätte gesot, datt si alles an allem ganz gutt mat der Situatioun eens gi wieren: Spaass hätt den "home schooling" awer net gemaach, esou den Direkter vum "Luxembourg Center for Educational Testing" (LUCET).
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)