arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 94 Joer koum de Josy Barthel op d'Welt
Den Numm Josy Barthel verbënnt een automatesch mat senger gréisster Victoire a senger sportlecher Karriär, d'Goldmedail am 1500 Meter Laf de 26. Juli 1952 am finneschen Helsinki bei den Olympesche Summerspiller. No senger Karriär als Sportler blouf hien dem Sport fir e puer Joer als Fonctionnaire trei. Hien engagéiert sech spéider politesch bei der DP, gouf Minister an Deputéierten an der Chamber. De Josy Barthel stierft de 7. Juli 1992 am Alter vu 65 Joer.
Politik a Gesellschaft