Dagdeeglech
Viru 70 Joer Grënnung vun der CECA
Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg hunn den 18. Abrëll 1951 zu Paräis den CECA-Vertrag ënnerschriwwen. Fir Lëtzebuerg war dat den Ausseminister Joseph Bech. D'Iddi geet zeréck op de Jean Monnet an de Robert Schuman, déi doduerch de Fridden an Europa séchere wollten, andeems Frankräich, Däitschland an aner Länner, déi et wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën. Mam CECA-Traité goung de gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 op. Deen éischten europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.