Aktuelles
Andrew Ferrone: "De Pine-Island-Gletscher ass besonnesch vulnerabel"
D'Schmëlze vun engem vun de wichtegste Gletscheren aus der Antarktis kéint net méi ze stoppe sinn: dat hunn d'Fuerscher vun der brittescher Northumbria-Universitéit rezent erausfonnt.
Der Etüd no kéint e sougenannte Kipp-Punkt erreecht sinn, wann d'Mierwaasser an der Géigend vum Pine-Island-Gletscher permanent ëm iwwer 1,2 Grad méi waarm géif ginn. De Fuerscher no kéint et onméiglech sinn de Gletscher-Réckgank ze stoppen, wann e bis eng Kéier ugefaangen huet. Gewarnt gëtt - am schlëmmste Fall - virun engem Klamme vum Mieresspigel ëm geschaten dräi Meter.
Dëst wier eng seriö Etüd, mee et wier wichteg sech déi ganz Panoplie vu wëssenschaftlecher Literatur unzekucke fir Conclusiounen ze zéien, stellt den Andrew Ferrone vum ASTA-Meteo-Service vum Landwirtschaftsministère fest. De Klimatolog vertrëtt Lëtzebuerg zanter 2013 beim Weltklimarot.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)