Aktuelles
De Sebastian Kurz gëtt weinst dem Impfsträit kritiséiert
Beim EU-Sommet deen haut usteet, soll notamment iwwer d'Verdeele vum Impfstoff an der EU diskutéiert ginn. Den Ustouss dozou hat viru bal zwou Wochen den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz ginn. Hien hat kritiséiert, datt d'Verdeele vum Impfstoff net nom Bevëlkerungsschlëssel geschitt.
Nodeems sech an de vergaangenen zwou Wochen erausgestallt huet, datt vill vu senge Behaaptunge net ganz wouer, respektiv d'Verdeelungs-Mechanisme virdru bekannt waren, steet den éisträichesche Kanzler op EU-Niveau isoléiert do. An och am Land selwer steet hien ënner Drock. Eng Korrespondenz vu Wien vum Stephan Polet
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)