Aktuelles
Geplangte Reouverture vun den Horeca-Terrassen de 7. Abrëll
Déi aktuell Mesurë wéinst der Corona-Pandemie solle vun Ouschtersamschdeg bis de 25. Abrëll verlängert ginn. Déi eenzeg méiglech Ouverture wier déi vun den Terrasse vu Caféen a Restaurante vum 7. Abrëll un: dat mat enger Rei vu sanitäre Konditiounen.
Dëse "klenge, symbolesche Schrack" huet de Premier Xavier Bettel nom Regierungsrot ugekënnegt.
D'Terrasse kéinte vu sechs Auer moies bis sechs Auer owes opgoen, a pro Terrassen-Dësch däerfe maximal zwou Persoune sëtzen, ausser et si Leit aus deem selwechte Stot. Tëschent den Dëscher muss eng Distanz vun annerhallwem Meter agehale ginn, oder et muss Plexiglas installéiert sinn. De Verbuet fir Alkohol dobaussen ze consomméiere géif fir d'Horeca-Terrassen opgehuewe ginn.
D'Konditioun fir déi ugeduechten Ouverture vun den Terrasse wier, datt d'Zuel vun den Neiinfektioune respektiv vun de Patienten an de Klinicke an den nächsten Deeg net staark klëmmt, esou de Xavier Bettel.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)