Aktuelles
Rechtsstaat-Mechanismus: EU-Parlament stellt Ultimatum
Wie Suen aus dem europäesche Budget an Usproch hëlt, sech awer net un d'EU-Reegelen hält, muss an Zukunft mat Sanktioune rechnen. D'Staats- a Regierungscheffe ware sech am Dezember no laangen an zéie Verhandlungen iwwer ee sougenannte Rechts-Staats-Mechanismus eens ginn.
Am Fong ass deen zanter dem 1. Januar a Kraaft - ugewant gëtt en awer nach net. Déi Länner, déi sech géint esou ee Mechanismus stäipen haten ausgehandelt, datt d'Kommissioun fir d'éischt nach muss Richtlinnen ausschaffen. D'Europaparlament gesäit dat anescht a pocht drop, datt déi nei Reegelen direkt applizéiert ginn.
Elo mécht d'Parlament Drock, mat enger Resolutioun iwwer déi haut ofgestëmmt gëtt. D'Danièle Weber huet mam Europadeputéierte Moritz Körner geschwat. Deen däitschen FDP-Politiker ass ee vun den Auteure vun där Resolutioun.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)