Aktuelles
"Gefor fir déi national Sécherheet"
Wéi an den Noriichten héieren, geet de Staatsministère net op d'Fuerderung vun der Personaldelegatioun vum Geheimdéngscht a fir en ëmstriddene Gesetzesprojet zréckzezéien. D'Delegatioun hat sech géint d'Reform vum Regimm vun de Clearancë fir den Accès op klassifizéiert Dokumenter ausgeschwat. De Staatsministère deelt d'Kriticke vun der Delegatioun net.
Mee d'Delegatioun kritt Ënnerstëtzung vum franséische Geheimdéngschtexpert Eric Denécé. Mam geplangte Gesetz géif Lëtzebuerg riskéiere géint international Oplagen ze verstoussen, seet den Direkter vum Centre de recherche sur le renseignement. An dat kéint eng Gefor gi fir déi national Sécherheet. E Bäitrag vum Chris Zeien.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)