arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Soleil d'Hiver

Soleil d'Hiver

Ee Joer no "Soleil Kréyol" huet de franséische Museker a Sänger David Walters haut säin neien Album "Nocturne" verëffentlecht, dat an der Zesummenaarbecht mam Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Roger Raspail. Et handelt sech hei ëm e live Enregistrement. De Walters proposéiert deenen anere seng Lidder am Moment virun der Opnam, an dann ergëtt sech eng improviséiert akustesch Jam Session, ouni Casque, ouni Elektronik. Mäi Favorit vun dëser Woch!


Vill Gaaschtinvitéen um neien Album "Good Good Things" vum Paräisser Produzent Blundetto. E relaxen Album, e Mix aus Afrofunk, Reggae a Latino Kläng.


De Label Strut huet viru Kuerzem Lidder vun den onemgänglechen Oneness of Juju verëffentlecht mat Lidder vun hirem Ufank an de 70er Joren bis an d'ufanks 80er ...


De Kuti Clan um Album "Legay +", dat sinn de Bouf an den Enkel vum legendären nigerianesche Museker an Aktivist Fela Kuti. De Femi a Made Kuti entwéckelen d'Formel vum Afrobeat weider an och si prangeren d'Korruptioun am Nigeria un.


Deen zu London baséierte Museker, Poet an och visual Artist Loshh Aje, kuerz Loshh genannt, huet, nodeems hien eng Serie vu Singele verëffentlecht huet, elo seng Debut "Ífaradá" erausbruecht. En interessante Sound, bei deem senger Ecoute ech och un e Gil Scott Heron oder Prince erënnert gouf.


De Rapper Oxmo Puccino ass elo zesumme mat sengem Landsmann Ballaké Sissoko (och aus dem Mali) ze héieren. Den Titel "Frotter les mains" kënnegt dem Sissoko säin neien Album un, dee fir Enn Februar virgesinn ass. Eng erstaunlech Renconter ... Rap begleet vun enger Kora ...


Playlist:



Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Papa Kossa - Nocturne

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Sa en yé - Nocturne

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

Blundetto - Menina Mulher da Pele Preta (feat. Leonardo Marques) - Good Good Things

Blundetto - Feel the Cold (feat. Hindi Zahra) - Good Good Things

Oneness of Juju - Be About the Future - African Rhythms 1970-1982

Femi Kuti & Made Kuti - Different Streets - Legacy +

Loshh - É Beré - Loshh - Ífaradá

Loshh - Í - Loshh - Ífaradá

Ballaké Sissoko - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino) - Frotter les mains (feat. Oxmo Puccino)

Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha






Episoden

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow