Bewosst Gesond
Den Immunsystem natierlech stäerken
An der Wanter Zäit an Grippen Zäit ass den Immunsystem méi gefuerdert wéi soss. Mee net nëmmen an den äiseg kale Méint mee och nach lo am Mäerz ,wann Fréijoers-Blummen sech geschwënn weisen soll een den Immunsystem weiderhin gutt stäerken fir gesond a fit ze bleiwen z. B. mat vill Uebst an Geméis
Vitaminn C
Zitrusfriichten, Kiwi, Paprika oder nach Kabes-Zorten wéi Brokkoli sinn ideal.
Uebst an Geméis kann een net einfach duerch Vitaminn Tabletten ersetzen, well se nach aner Närstoffer enthalen wéi z.B Ballast-Stoffer déi wichteg fir Verdauung sinn oder awer nach sekundar Pflanzen-stoffer wéi Carotinoiden oder Flavanoïdes déi och nach eng Roll am Unissystem spillen.
D'Mineralstoffer Zénk an Selen
fënnt een virun allem an Mëllechprodukter, Fleesch, Voll Kär -Produiten an Hülsen Friichten
Ballaststoffer an Probiotika fir den Daarm
fënnt deen z.B an Mëllechprodukter wéi Jughurt oder Kefir
A genuch Schlof a vill Beweegung
Invitée fir d'Serie Bewosst Gesond beim Angie Maquil ass haut d'Diétiticienne Claudine Mertens