arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 14 Joer gouf deen éischten iPhone virgestallt
Et sollt bis haut eng Erfollegsgeschicht sonnergläiche ginn: den iPhone. Den 9. Januar 2007 stellt den Apple-Boss Steve Jobs deen éischten iPhone op der Macworld Conference & Expo zu San Francisco vir. Ufank Juni 2007 kommen déi éischt Exemplaren an den USA op de Maart, an Europa sollt et nach bis de 9. November vun deem Joer daueren. Bis haut goufen vun allen iPhone Modeller geschätzt 1,9 Milliarden Exemplaren weltwäit verkaaft.
Politik a Gesellschaft