Den 3. Dezember 1997, also haut virun 23 Joer, gouf en Traité ënnerschriwwen, deen, wéi esouvill Traitéen, de But hat d'Welt ze verbesseren. Et war den Traité vun Ottawa, deen e Verbuet vun Anti-Persoune-Minne festhält.
Dat si Waffen déi, wéi den Numm et scho seet, extra dofir geduecht si Mënschen ze verletzen oder ëmzebréngen. Bei der Zeremonie deemools am kanadeschen Ottawa goung et ëm eng weltwäit Interdictioun an e weltwäite Produktiounsstopp vun Anti-Persoune-Minnen. Vun den 150 Länner, déi op der Konferenz dobäi waren, hunn der um Enn 121 d'Ofschlossdeklaratioun ënnerschriwwen. An Tëschenzäit ass déi Zuel op 133 geklomme. Mee leider gehéieren déi Länner mam gréisste Militär nach ëmmer net dozou.
Ënner anerem d'USA, China a Russland hunn haut virun 23 Joer net ënnerschriwwen. Dobäi hat de kanadesche Premier Jean Chrétien deemools nach vun deem ouni Zweiwel wichtegste Moment an der Geschicht vun der internationaler Ofrëschtung geschwat.
D'Amerikanerin Jody Williams, déi sech jorelaang mat hirer Organisatioun International Campaign to Ban Landmines fir d'Cause agesat huet an och Prominenter mat u Bord konnt huelen, krut dat Joer esouguer de Friddens-Nobelpräis.
An och wann eng ganz Partie Länner op der Welt, ebe grad wéinst dem Traité vu Ottawa, an Tëschenzäit komplett fräi vun Anti-Persoune-Minne sinn, esou bleift awer e batteren Nogeschmaach, datt déi Länner, déi se am meeschte bauen an benotzen, sech net drun hale mussen.