Dagdeeglech
Virun 164 Joer: Ëmstridde Verfassungsreform vum Grand-Duc
De 27. November 1856, also haut virun 164 Joer gouf et e wichtegt Evenement an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Deen Dag koum et nämlech zu engem Putsch, mat deem d'Verfassung amendéiert gouf. Dat war awer kee gewéinleche Putsch, deen op rose Bierger oder frustréiert Militärvertrieder zeréckgaangen ass, mee op den deemolege Grand-Duc. De Wëllem den Drëtten huet nämlech d'Constitutioun ëmgeännert, fir sech selwer méi Pouvoiren ze ginn, dowéinst gëtt dëst Evenement vu verschiddenen Historiker och de "Putsch vum Haff" genannt.
An de Jore virdru war et zu engem reegelrechte Muechtkampf un der Spëtzt vum Staat komm, tëschent dem Grand-Duc an dem gewielte Parlament. 1848 hat d'Chamber, déi bis dohin nëmmen eng consultativ Roll hat, nämlech eng nei Verfassung en Place gesat, déi d'Land an eng konstitutionell Monarchie ëmgewandelt huet. De Grand-Duc Wëllem hat op eemol quasi keng Pouvoire méi, an dat wollt hien net esou acceptéieren. Dofir huet hien de 27. November 1856 also e Coup géint säin eegent Land gemaach.
E puer Woche virdrun hat d'Regierung den Amendement vun der Verfassung schonn annoncéiert, mat der Erklärung, datt een dat misst maache fir am Aklang mat deenen anere Länner an der Däitscher Confederatioun ze sinn. Lëtzebuerg war jo am Joer 1815 beim Kongress vu Wien an déi Confederatioun eraforcéiert ginn.
D'Verfassungsännerung huet ënner anerem d'Schafe vun engem Staatsrot virgesinn, deen eleng vum Grand-Duc nominéiert gëtt, eng Aschränkung vun der Pressefräiheet oder nach en Eropsetze vun der Kapitalsteier. Mee d'Chamber, a virun allem déi liberal-gesënnte Parteien, wollt déi grondleeënd Muechtännerungen zu Gonschte vun der Monarchie net acceptéieren.
Wéi déi Liberal aus Protest refuséiert hunn zeréck op der Krautmaart ze kommen, huet de Grand-Duc d'Chamber opgeléist an d'Regierung konnt him esou d'Dokument fir d'Verfassungsännerung dohinner leeën. De Wëllem huet just nach missten ënnerschreiwen.
Mee déi ëmstridden nei Verfassung blouf net laang a Kraaft, nëmmen 12 Joer fir genee ze sinn. Am Joer 1868, nom zweeten Traité vu London, krut Lëtzebuerg nämlech scho nees eng nei Verfassung an déi meescht Saachen, déi de 27. November 1856 decidéiert goufen, goufen nees réckgängeg gemaach.
Episoden
Virun 91 Joer stierft den Tony Dutreux
Lëtzebuerger Ingenieur a Politiker
Viru 24 Joer stierft d'Micky Bintz-Erpelding
Lëtzebuerger Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin
Virun 144 Joer koum d'Marie Speyer op d'Welt
Lëtzebuerger Germanistin a Léierin
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Agronom
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
Lëtzebuerger Affekot a Politiker
105. Doudesdag vum Dominique Lang
Lëtzebuerger Moler
Virun 28 Joer ass d‘Ella Fitzgerald gestuerwen.
Eng vun de gréissten Jazz-Sängerinnen aus dem 20. Joerhonnert
Virun 173 Joer koum de Jean-Pierre Knepper op d'Welt
Lëtzebuerger Architekt an Amateur-Historiker
Virun 120 Joer Mëtteleuropäesch Zäit
Den 1. Juni 1904 gouf hei am Land duerch e Gesetz vum 10. Mee déi Mëtteleuropäescher Zäit als Eenheetszäit am ganze Land ageféiert.
Viru 95 Joer stierft den Alphone Rupprecht
Lëtzebuerger Policebeamten, Pilz-Kenner, Historiker an Auteur
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
Lëtzebuerger-Indesche Physiker, Auteur, Redakter an Tëlee-Moderator
157 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
Johny Flick
Lëtzebuerger Geowëssenschaftler a Sänger
![© European Union 75 Joer fir de Jean Asselborn | © European Union](/1_Foto/100komma7.lu/106909/image-thumb__106909__base_thumbnail/Jean%20Asselborn_1.5ec4c55c.jpg)