Déjà Vu
Joni Mitchell - The Hissing of Summer Lawns
1972 huet d'Joni Mitchell ugefaange sech lues vun hirem himmlesche Folk-Rock-Sound ze léisen. Oder besser gesot, nei Elementer, nei Kläng an Traditiounen an hir progressiv Musek anzebannen. Virun allem Jazzmusek. Bis Enn 70 sollt d'Singer-Songwriterin mat Gréisste wéi Jaco Pastorius, Wayne Shorter oder och Herbie Hancock zesummeschaffen. Hire Säitesprong huet 74 mat der Jazz-Fusion-Band L.A. Express ugefaangen. An dës Trupp héiert een och ënner anerem 75 op hirem Album "The Hissing of Summer Lawns". En eegenaartegen Album, op deen den Jamie Reinert 45 Joer no der Release zeréckkuckt.