Déjà Vu
David Bowie - Aladdin Sane
"Aladdin Sane" kënnt den 13. Abrëll 1973 eraus - de sechsten Album vum David Bowie gëtt mat Spannung erwaart, well den Englänner ass mam Virgänger "The Rise and Fall of Ziggy Stardust" praktesch iwwer Nuecht an déi éischt Rei am Rockbusiness geréckelt. Den Nofollger wäert an där selwechter Linn leien: de Bowie huet dës d'Lidder nach wärend der US-Tournée geschriwwen, op déi hie mam Ziggy-Album gaangen ass. De Ziggy Spirit war nach ëmmer do. Et wier "the amercan Ziggy", esou de Museker.
De Fred Medernach kuckt op d'Reaktiounen op dëse Release zeréck a verweist op eng manner bekannte Kompositioun vum Album.