Déjà Vu
John Prine - John Prine
Seng Lidder dokumentéieren d'Existenz vu manner favoriséierte Personnagen. An e puer Zeile konnt de Mann vu Chicago d'Komplexitéit vum Liewe kondenséieren, d'Absurditéit dovunner, déi witzeg awer och tragesch Facetten. Eleng op sengem Debut héiert ee vun der Einsamkeet an déi betäubend Widderhuelung vum Alldag, déi eng eeler Koppel duerchmécht. D'Frustratioun mat der Welt, mat där en Zaldot ze kämpfen huet. Eng Stripperin, déi engem Client Weisheeten iwwer Gléck an d'Ouer pëspert. Den Jamie Reinert kuckt op dem kierzlech verstuerwene Lidderschreiwer säin Debut zeréck.