Dagdeeglech
Viru 76 Joer: Grousse Moment fir d'Lëtzebuerger Resistenz zu Veianen
Den 19. November 1944, wéi den Zweete Weltkrich bal eriwwer war, koum et zu engem vun de markantste Momenter vun der Lëtzebuerger Resistenz. Et war déi sougenannte Schluecht vu Veianen, bei där nëmmen e puer Dosen arméiert Männer d'Veianer Buerg géint eng 250 Zaldote vun der Waffen-SS mat Erfolleg verteidegt hunn. Dobäi war de Grand-Duché zu deem Moment eigentlech scho befreit, am September 1944 haten d'Alliéiert, ugeféiert vun den Amerikaner, d'Land liberéiert. Dat huet awer net d'Enn vun der Gewalt op lëtzebuergeschem Territoire bedeit.
Well am Éislek hat een dat ongutt Gefill, datt d'Nazien nach net hiert lescht Wuert geschwat haten. An dat war och de Fall. De 15. November 1944 hunn d'Resistenzler zu Veianen eng kleng däitsch Patrull gesinn, déi op Lëtzebuerger Säit bei Bettel ënnerwee war. Fënnef vun den eelef däitschen Zaldoten an där Patrull goufen zwar ëmbruecht, allerdéngs huet déi Attack dozou geféiert, datt d'Waffen-SS decidéiert huet d'Veianer Schlass nees ze erueweren. Ënner der Leedung vum spéideren Deputéierte Victor Abens konnten 30 couragéiert Resistenzler am Veianer Schlass bleiwe fir déi Däitsch ofzewieren, dat mat Waffen a Munitioun, déi si kuerz virdru vun den Amerikaner kruten.
Bei den uerge Schéissereien an a ronderëm d'Schlass sinn deen Dag 23 däitsch Zaldoten ëmkomm an een eenzege Lëtzebuerger Resistenzler. Mee d'Freed iwwer déi onerwaarte Victoire sollt vu kuerzer Dauer sinn. Nëmmen ee Mount méi spéit, am Dezember 44, huet den Hitler nämlech déi ominéis Rundstedt-Offensiv an den Ardenne lancéiert. De Grupp, deen e puer Woche méi fréi esou eng couragéiert Leeschtung bewisen hat, huet elo agesinn, datt ee komplett an Ënnerzuel war a Resistéieren dee sécheren Doud bedeit hätt. Also si si vu Veianen nees an de Süde vum Land geflücht an hu sech do den Amerikaner ugeschloss.
Episoden
Virun 91 Joer stierft den Tony Dutreux
Lëtzebuerger Ingenieur a Politiker
Viru 24 Joer stierft d'Micky Bintz-Erpelding
Lëtzebuerger Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin
Virun 144 Joer koum d'Marie Speyer op d'Welt
Lëtzebuerger Germanistin a Léierin
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Agronom
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
Lëtzebuerger Affekot a Politiker
105. Doudesdag vum Dominique Lang
Lëtzebuerger Moler
Virun 28 Joer ass d‘Ella Fitzgerald gestuerwen.
Eng vun de gréissten Jazz-Sängerinnen aus dem 20. Joerhonnert
Virun 173 Joer koum de Jean-Pierre Knepper op d'Welt
Lëtzebuerger Architekt an Amateur-Historiker
Virun 120 Joer Mëtteleuropäesch Zäit
Den 1. Juni 1904 gouf hei am Land duerch e Gesetz vum 10. Mee déi Mëtteleuropäescher Zäit als Eenheetszäit am ganze Land ageféiert.
Viru 95 Joer stierft den Alphone Rupprecht
Lëtzebuerger Policebeamten, Pilz-Kenner, Historiker an Auteur
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
Lëtzebuerger-Indesche Physiker, Auteur, Redakter an Tëlee-Moderator
157 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
Johny Flick
Lëtzebuerger Geowëssenschaftler a Sänger
![© European Union 75 Joer fir de Jean Asselborn | © European Union](/1_Foto/100komma7.lu/106909/image-thumb__106909__base_thumbnail/Jean%20Asselborn_1.5ec4c55c.jpg)