Dagdeeglech
Viru 72 Joer: Optakt vun der Operatioun "Op de Flilleke vun Adler"
Wéi d'Judden nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen a vun de Britten en eegent onofhängegt Land am Noen Oste versprach kruten, dem haitegen Israel, waren d'Palestinenser, déi do gewunnt hunn, ausser sech vu Roserei, an hir moslemesch Glawensbridder weltwäit och. A wéi d'Israeli 1947 an engem Onofhängegkeetskrich géint eng Partie arabesch Länner hir Revendicatioun op dësen Territoire zementéiert hunn, ass d'Roserei an der arabescher Welt just nach méi schlëmm ginn.
Vill arabesch Länner hunn doropshin decidéiert d'Judden, déi nach bei hinne gelieft hunn, ze expulséieren. Wa si schonn elo hiert eegent Land hätten, da sollte si gefällegst och dohinner wunne goen, esou déi gängeg Iwwerleeung. Vum Maghreb iwwer Syrie bis hin zu der arabescher Hallefinsel: Dausende Judde sinn aus arabesche Länner a Richtung Israel geflücht, fir do en neit Liewen a Rou unzefänken. Jüddesch Communautéiten, déi et Joerhonnerten-laang do gouf, hunn op eemol opgehalen ze existéieren.
An déi westlech Groussmuechten, déi nach ëmmer e schlecht Gewëssen haten, d'Judden an Europa ënner dem Hitler am Stach gelooss ze hunn, hu gehollef fir dës Kéier e gréissert Bluttvergéissen ze evitéieren. Well tatsächlech goufen et Enn de 40er Joren, nom israeelesch-arabesche Krich, ëmmer méi gewalttäteg, an och déidlech, Iwwergrëff op Judden a moslemesche Länner, als Revanche fir d'Creatioun vum Staat Israel.
Ee Land, wou dat passéiert ass, war de Jemen, wou hautdesdaags nach ëmmer Biergerkrich ass. Zanter éiweg hunn am Jemen och Judde gelieft, wann och net vill. Am Joer 1948 hunn der 55.000 do gelieft, niewendrun am klenge brittesche Protektorat Aden, weider 8.000. Also gouf eng riseg Exfiltratioun organiséiert, et war d'Operatioun "Op de Flilleke vun Adler". De 16. November 1948, also haut virun 72 Joer, ass deen éischte Fliger voll mat jemenittesche Judden a Richtung Israel fortgeflunn.
Episoden
Virun 91 Joer stierft den Tony Dutreux
Lëtzebuerger Ingenieur a Politiker
Viru 24 Joer stierft d'Micky Bintz-Erpelding
Lëtzebuerger Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin
Virun 144 Joer koum d'Marie Speyer op d'Welt
Lëtzebuerger Germanistin a Léierin
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Agronom
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
Lëtzebuerger Affekot a Politiker
105. Doudesdag vum Dominique Lang
Lëtzebuerger Moler
Virun 28 Joer ass d‘Ella Fitzgerald gestuerwen.
Eng vun de gréissten Jazz-Sängerinnen aus dem 20. Joerhonnert
Virun 173 Joer koum de Jean-Pierre Knepper op d'Welt
Lëtzebuerger Architekt an Amateur-Historiker
Virun 120 Joer Mëtteleuropäesch Zäit
Den 1. Juni 1904 gouf hei am Land duerch e Gesetz vum 10. Mee déi Mëtteleuropäescher Zäit als Eenheetszäit am ganze Land ageféiert.
Viru 95 Joer stierft den Alphone Rupprecht
Lëtzebuerger Policebeamten, Pilz-Kenner, Historiker an Auteur
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
Lëtzebuerger-Indesche Physiker, Auteur, Redakter an Tëlee-Moderator
157 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
Johny Flick
Lëtzebuerger Geowëssenschaftler a Sänger
![© European Union 75 Joer fir de Jean Asselborn | © European Union](/1_Foto/100komma7.lu/106909/image-thumb__106909__base_thumbnail/Jean%20Asselborn_1.5ec4c55c.jpg)