Déjà Vu
Free - Fire and Water
13 min
Den Album "Fire and Water" huet méi wéi nëmmen d'Hit Single "All Right Now" ze bidden. Dat epescht Stéck mat deem di brittesch Rock Formatioun a meeschte verbonne ginn. Dem Quartett vu London hiren drëtten Album ass hiert Meeschterwierk. A knapps ware se um Zenit vun hirer Karriär ukomm, dunn ass et séier nees biergof gaangen. "Fire and Water" ass di typesch Rock'n'Roll Geschicht. Eng talentéierter Formatioun déi mam Succès net eens ginn ass, wou Ego an Drogenofhängegkeet dem Progrès am Wee stoungen. Schued, well hiren Album vun 1970 scho bal perfekt war.