Wann een haut d'Wuert Cheerleader héiert, dann denkt een direkt un attraktiv sportlech-gebauten a staark-geschminkte jonk Frae mat Pompomen, déi Zuschauer an amerikanesche Sportstadionen a Stëmmung bréngen. Si maachen dat mat Gesäng an akrobatesche Prouessen.
Haut viru genee 122 Joer, den 2. November 1898, gouf fir d'éischte Kéier an engem amerikanesche Sportstadion Cheerleading praktizéiert. Dat war bei engem Match vun der American Football-Ekipp vun der Universitéit vum Minnesota. Allerdéngs huet deen Dag kee Grupp Fraen de Public zum Matsange motivéiert, mee een eenzege Mann, mat enger haarder Stëmm. De Student Johnny Campbell ass, Sporthistoriker no, deen éischte richtege Cheerleader. Hien huet bei deem Match d'Zuschauer dozou kritt, alleguer zesummen "Rah, Rah, Rah! Ski-u-mah, Hoo-Rah! Hoo-Rah! Varsity! Varsity! Varsity, Minn-e-So-Tah!" ze sangen, oder ze brëllen, fir hir Ekipp um Terrain unzefeieren. E Gesang, deen 122 Joer drop, nach ëmmer am Stadion vun der Uni ze héieren ass, och wann dat hautzedaags begleet, oder iwwertéint gëtt, vun enger Blosinstrument-Kapell.