Aktuelles
"Dës Regierung schléisst näischt aus an dëser Pandemie"
Wäert et och hei am Land een zweete Lockdown ginn? Dat ass eng Fro, déi gëschter an der Chamber diskutéiert gouf, an der Debatt virum Vott vun deene weidere Mesuren, déi schonn ugekënnegt waren, dorënner d'Ausgangsspär nuets.
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth huet der Regierung d'Fro gestallt, ob si Mëtt vun der nächster Woch e weidere Lockdown wäert decidéieren. De Xavier Bettel hat virdrun ugekënnegt, datt d'nächst Woch de "Moment vun der Wourecht" wäert ginn, fir festzestellen, wat den Appell un d'Populatioun vun der virleschter Woch bruecht huet.
"Dës Regierung schléisst an dëser Pandemie näischt aus", esou d'Äntwert vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert.
De Serge Kesseler resuméiert.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)