Grad wéi mat senge Symphonien, huet de Johannes Brahms laang gezéckt fir seng offiziell éischt Sträichquartetter ze publizéieren. Bis dohinner ware scho wäit iwwer eng Dose Partituren a Skizzen an der Poubelle gelant. Den Aris Quartett huet op sengem neien Disk deen éischte Sträichquartett mam spéide Klarinettequintett kombinéiert.
Lauschtert och d'Emissioun Musek am Gespréich mam Aris Quartett.