No éischte klenge Filmrolle spillt den Carlo Pedersoli 1967 an engem Italo-Western un der Säit vum Mario Girotti. De Regisseur erhofft sech dee Film a vill Länner kënnen ze verkafen a réit den zwee Schauspiller ee Kënschtlernumm ze wielen. Esou decidéiert sech de Carlo Pedersoli fir Bud Spencer an den Mario Girotti fir Terence Hill.
De Bud Spencer war net nëmme Schauspiller, mee ee reegelrecht Multitalent. Hie war och nach Cascadeur, Jurist, Schwëmmer a Waasserballspiller, Sänger, Komponist, Industriellen, Dréibuchauteur, Museksproduzent, Grënner vun der Fluchlinn "Mistral Air" ... an och nach Erfinder.