Dagdeeglech
Zäitzonen haut virun 136 Joer geschafen
Eis Äerd ass a 24 Zäitzonen agedeelt. Mee dat war net ëmmer esou. Virum 19. Joerhonnert gouf sech op d'Sonnenzäit baséiert, wann ee wollt soen, wéi vill Auer et war. Mee eigentlech gouf d'Fro no der Auerzäit eréischt vun deem Moment un e Problem, wéi ëmmer méi Leit Aueren haten, déi mechanesch perfekt funktionéiert hunn. Op eemol war d'Solarzäit ze vill onprezis. A wéi dunn och nach ëmmer méi séier Zich gefuer sinn, an och d'Telekommunikatioun ëmmer besser gouf, huet eng méi effikass Zäit-Rechnung misste fonnt ginn.
Dobäi hat England scho Mëtt vum 19. Joerhonnert ugefaange sech un der Zäit ze orientéieren, déi de Royal Observatory zu Greenwich uginn huet. Kanada an d'USA hu vun 1883 un déi Zäitrechnung och benotzt. Mee och déi aner Länner op der Welt wollten endlech eppes an deem Sënn festhalen. Dofir gouf am Oktober 1884 zu Washington déi International Meridian Conference organiséiert. Hei goung et virun allem drëm sech iwwer eng Plaz op der Äerd eens ze ginn, déi souzesoen als de Punkt Null an der Zäitrechnung géif gëllen.
An ënnert de 26 Länner, déi do matdiskutéiert hunn, huet sech besonnesch Frankräich queesch gestallt, wat d'Propos ugoung fir den Observatoire am brittesche Greenwich als dëse Punkt Null festzeleeën. D'Fransousen hunn éischter den 180. Breedegrad vun eisem Planéit als Punkt Null proposéiert, deen am Pazifik ass. Um Enn gouf et awer net genuch Ënnerstëtzung fir dee franséische Virschlag an d'Delegéiert hu sech den 22. Oktober 1884, also haut virun 136 Joer, op déi méi pragmatesch Léisung gëeenegt, nämlech där vum Greenwich Observatoire a Groussbritannien.