Aktuelles
D'Moderniséierung vum groussherzoglechen Haff gëtt konkret
Am Kader vun der geplangter Moderniséierung soll de groussherzoglechen Haff vun 2021 u considerabel méi Budget kréien.
An der geplangter neier Administratioun "Maison grand-ducale" sollen 142 Leit Personal schaffen: dat wieren der 35 méi wéi bis elo.
Dat war vun den Oppositiouns-Deputéierte gewuer ze ginn, nodeem de Premier an der Chamber-Institutiounekommissioun den Textprojet presentéiert huet, fir de geplangten Arrêté grand-ducal fir d'Organisatioun vun der Maison grand-ducale. Dem Xavier Bettel no, hätt de Grand-Duc säin Aval dofir ginn.
Domat solle Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport vum Februar dëst Joer ëmgesat ginn, fir ë.a. méi Transparenz bei der Finanz- a Personal-Gestioun um Haff. Den Auteur Jeannot Waringo huet op Nofro gesot, datt seng Missioun vun haut u "richteg eriwwer" wier. Immens vill Saachen aus sengem Rapport wieren iwwerholl ginn, fir eng modern Monarchie ze schafen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)