Den Zweete Weltkrich war véier Wochen amgaang, wéi den Nazi-Ausseminister von Ribbentrop op Moskau bei säi Géigeniwwer Wyatcheslaw Molotov geflunn ass fir do e Vertrag ze ënnerschreiwen. E weideren Accord, nom däitsch-sowjeteschen Net-Ugrëffs-Pakt e puer Wochen virdrun.
An dësem zweete Vertrag hu béid spéider Krichsgéigner nei ausgeluecht, wéi si Polen ënnertenee wéilten opdeelen. Vun där polnescher Pufferzon, déi nach am Net-Ugrëffs-Pakt festgehale gi war, goung an dësem Grenz- a Friddensvertrag net méi rieds. De Stalin an den Hitler hunn Deeler vu Polen, déi eigentlech där anerer Säit versprach gi waren, nees ënnertenee getosch.