Aktuelles
Wäiswampecher Séi: "Mëtt September rullen d'Baggeren"
50 Milliounen Euro wëllt de belsche Grupp Lamy investéieren, fir den touristesche Projet Suneo Park op engem Terrain vu ronn 20 Hektar ronderëm de Séi zu Wäiswampech: Geplangt ass en Hotel mat 86 Zëmmeren an e Vakanzenduerf mat 88 Cottages, déi d'Campings-Emplacementer sollen ersetzen. Dëse Projet mat och Fräizäitaktivitéite war Mëtt 2018 zesumme mat der deemoleger Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) presentéiert ginn, véier Méint virun de Chamberwalen.
An engem Referendum an der Gemeng Wäiswampech hate sech viru gutt engem Joer iwwer 60 Prozent vun de Leit géint dëse Projet ausgeschwat. Trotzdeem sollen an e puer Wochen d'Baggere rullen, seet elo de Buergermeeschter Henri Rinnen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)