Komponist:in vum Mount
De Leopold Mozart (1719-1787)
De 14. November 2019 gouf dem Leopold Mozart säin 300. Gebuertsdag gefeiert. D'Stad Augsburg, d'Heemechtsstad vum Wolfgang Amadeus sengem Papp, hat besonnesch vill Eventer geplangt. Vum Leopold Mozart krute mir duerch Theaterstécker a Filmer en deels falscht Bild vermëttelt. De Leopold Mozart war e ganz léiwe Papp a en appreciéierte Pedagog. Seng Geiemethod ass haut e ganzt wichtegt an onersetzlecht Dokument fir d'Opféierungspraxis am 18. Joerhonnert. Wie war de Leopold Mozart? E Portrait vum Komponist, Manager, Pedagog an Haffkapellmeeschter.