Komponist:in vum Mount
De Camille Saint-Saëns (1835-1921)
Et wonnert ee sech schonn, datt vun esou engem Gigant vun der franséischer Romantik wéi dem Camille Saint-Saëns just eng eenzeg Oper et bis an de Zenit vum Repertoire gepackt huet. "Samson et Dalila" baséiert op enger biblescher Episod. Laang a schwéier war d'Gestatioun vun dëser Oper. No der Première zu Weimar, den 2. Dezember 1877, huet nach emol laang gedauert, bis d'Wierk och säi Wee an d'Paräisser Oper fonnt hat. Wéi koum et iwwerhaapt, datt "Samson et Dalila" zu Weimar uropgeféiert gouf? Wat huet de Saint-Saëns a punkto Oper nach geschriwwen?
De Manuel Ribeiro ass der Saach nogaangen.