Aktuelles
Nei restriktiv Mesurë solle vun dësem Samschdeg u gëllen
Déi geplangte méi restriktiv Mesuren an nei Sanktiounen am Kampf géint d'Corona-Pandemie dierfte vun dësem Samschdeg u gëllen. Dat war no der Chamber-Gesondheetskommissioun gewuer ze ginn, déi sech gëschter mam Avis vum Staatsrot beschäftegt huet. De Conseil d'Etat huet eng Rei Verbesserunge um Text virgeschloen.
De Gesetzesprojet, deen d'Gesondheetsministerin Ufank der Woch deposéiert hat, soll de Mëtteg gestëmmt ginn.
Wéinst der Hausse vun Nei-Infektioune mam Coronavirus an de leschte Wochen, hat d'Regierung jo zousätzlech Mesuren op de Wee bruecht, fir z. B. d'Zuel vu Gäscht doheem op zéng ze limitéieren a fir Geldstrofen anzeféiere fir Leit, déi sech net un d'Isolatiouns- a Quarantän-Reegelen halen. Detailer, Serge Kesseler.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)